
Am Kader vu sengem Programm „Jonk Talenter“,
huet SO Graphiste entscheet e Gewënnspill an d’Liewen ze ruffen, dat sech un all kreativ Leit riicht,
fir seng Neijoerschkaart ze realiséieren
Fir wien a firwat?
Du wunns zu Lëtzebuerg oder an der Groussregioun, studéiers oder starts grad eng nei professionell Aventure am Beräich Konscht, Grafikdesign, Illustratioun oder Fotografie? Dann huel deel un dësem Gewënnspill a gewann mat bëse Chance, 350 Euro a Visibilitéit fir deng Kreatiounen!
Wéi muss du virgoen?

Etapp 1: Deng Kreatiounen eraschécken!
Schéck puer vun denge Realisatioune an deng Coordonnéeën, per Email op contact@so-graphiste.lu, bis den 29. September 2022 um 17 Auer eran.
Den 06. Oktober 2022, gëtt eng Selektioun gemaach, bäi der 3 Kandidaten zeréckbehale ginn, fir un der Kreatioun vun der Kaart 2023 vu SO
Graphiste matzeschaffen!

Etapp 2: Realisatioun vum Visuell!
Elo, komme mir op de Punkt! Ziels du zu den 3 ausgewielte Kandidaten, deele mir dir dës Noriicht per Telefon mat a schécken dir eng Email mat all den néidegen Instruktioune fir d’Realisatioun vum Visuell.
Dono hues du vum 10. Oktober 2022 bis den 14. November 2022 um 17 Auer Zäit, fir eis däi finale Visuell per Email un contact@so-graphiste.lu oder per Post eranzeschécken:
SO Graphiste Freelance
8, rue Le Bataclan
L-4374 Esch-sur-Alzette (Belval)
Manuell oder digital Illustratioun, Fotografie, Fotomontage ... all artistesch Techniken a Medie si wëllkomm!

Etapp 3: Reiefolleg vun der Auswiel vun den 3 Gewënner!
Den 15. November 2022 trëfft sech d'SO Graphiste Jury erëm fir d'Reiefolleg vun den 3 Gewënner festzeleeën, déi direkt ugeruff ginn, fir iwwer hire Status an hire Gewënn informéiert ze ginn.
Wéi eng Präisser ginn et ze gewannen?

Duerch e kuerze Presentatiounsvideo, deen an eisem Studio opgeholl gëtt, ginn hir Kreatiounen op eise sozialen Netzwierker an op der Internetsäit "Jonk Talenter" publizéiert.

D'Zomm vun 350 Euro
